
Bauerenhaff an der Stad 2026
Wärend dem Weekend vum 20.-22. Abrëll war eng méi lass um Glacis. Jo genau um Glacis. Déi 5. Editioun vum Bauerenhaff an der Stad war nämlech um Glacis an net wéi déi Jore virdru bei der Gëlle Fra. Um Glacis gouf vun der Plaz profitéiert an eng Rei nei Austeller hunn de Wee an d'Stad fonnt.
Natierlech waren déi trei Sponsoren an Aussteller vun den Editioune virdrun och present. Ënnert anerem konnte verschidden Déieren um Glacis ausgestallt gi fir Kleng a Grouss d’Méiglechkeet ze gi fir sech déi landwirtschaftlech Notzdéiere vu méi No unzekucken. D’Zil vum Bauerenhaff an der Stad ass et dem Konsument déi lëtzebuerger Landwirtschaft méi nozebréngen. Der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren ass et wichteg, dass jidderee weess wéi d’Iessen, wat een all Dag zou sech hëlt, produzéiert gëtt. Och bei dëser Editioun huet ee gemierkt, dass de Bedarf do ass. Et ass vill gekuckt a gefrot ginn.
Wat war dëst Joer nei? Duerch déi méi grouss Plaz konnt een zweet Zelt opgeriicht gi wou d’Leit sech konnte setzen, souwéi och d’Bün konnt ënnerdaach opgeriicht ginn. Des Weidere konnt d’Ausstellerzelt vergréissert ginn an déi jeeweileg Stänn hate méi Plaz. D’Opdeelung vum Site war e bëssen aneschters soudass d’Déiere beienee waren an et konnt ee regionale Maart gemaach gi mat all de regionale Produzenten an Infostänn.
Freides loung de Schwéierpunkt op de Schoulklassen. Ab hallwer 9 sinn déi éischt Klassen an hir verschidde Kannerateliere gestart. Vun enger Visitt iwwert de Site, bis zu de verschiddenen Erklärunge vun den Déiere souwéi verschidden Ateliere vun den Aussteller war alles derbäi. Um 16:00 war dunn déi offiziell Ouverture wou den Agrarkommissär Christophe Hansen konnt begréisst ginn, souwéi och d’Madamm Ministech Martine Hansen a sëlleg aner Deputéiert. Uschléissend huet den Afterwork mam DJ Big Keiler stattfonnt. Zeréckgekuckt, war freides schonn ee vollen Erfolleg.
Samschdes huet den Dag ugefaange mat enger feierlecher Mass mam Kardinol Jean-Claude Hollerich a mam Nationalaumônier vun der LLJ dem Romain Richer. Ënnerstëtzt huet d’Féngiger Chorale. Zäitgläich huet och de Show-Cooking mat enger Partie Politiker ugefaangen. Béides war ee vollen Erfolleg. Um 12 Auer konnt een am groussen Zelt déi Clierrwer Juegdbléiser lauschtere goen. Um 16 Auer gouf den 10te Gebuertsdag vu Fro de Bauer gefeiert. Eng Initiativ vun der LLJ bei deenen uganks Schëlder laanscht d‘Stroosse gestallt goufe fir d’Leit op d’Landwirtschaft opmierksam ze maachen an haut ginn d'Kanner aus dem Cycle 4 iwwert d’Landwirtschaft opgekläert. Fro de Bauer kënnt wärend dem Schouljoer 2x an d'Klass a mécht verschidde Work-shoppen iwwert d'Landwirtschaft. Am 3. Trimester geet d'Klass mat op ee landwirtschaftleche Betrib fir alles nach eng Kéier an der Realitéit ze gesinn. 10 Joer Bestoe weist och hei rëm, dass de Bedarf do ass. De Gebuertsdag gouf mat Kuch a Schampes an der Präsenz vun der Madamm Ministesch Martine Hansen gefeiert.
Sonndes goungen d‘Dieren och rëm um 10 Auer op an um 11 Auer huet direkt de Show-Cooking ugefaangen. Um 13 Auer konnt d’LLJ Musek rëm weise wat se kënnen. Ee schéine Concert konnt een do am groussen Zelt lauschtere goen. Duerno konnt eis traditionell Stee ofgehale gi wou eng Rei Sue rëm konnten erageholl ginn, déi all un d'ONG vun der LLJ gespent gi sinn. Ofgeschloss gouf mat der Präisiwwerreechung vum Projet „Saugutt“. Bei dësem Projet vu Fro de Bauer konnte Schoulklasse kreativ weise wéi si sech d’Landwirtschaft an der Zukunft virstellen. D’Gratulatioun geet do un d'7C5 aus dem Iechternacher Lycée, déi den 1te Präis gemaach hunn.
D’LLJ kann op een erfollegräiche Weekend zréckkucken a freet sech op déi nächst Editioun 2028!
Text: Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
















