LLJ: Eng Petitioun am Sënn vum Déierewuel

 

  

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hunn den 18. Mäerz 2021 d’Petitioun 1843 mam Titel „Déierewuel: Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser“ an der Chamber deposéiert. D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘ Verbuet vum Transport a vum Schluechte vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser. De Respekt an d’Wuel vum Déier vun der Gebuert, iwwer d’Opzuucht bis hin zum Schluechten, esou wéi et hei zu Lëtzebuerg garantéiert ass, muss séchergestallt sinn. Lëtzebuerg respektéiert am Sënn vum Déierewuel ganz héich Qualitéitsstandarde wat d’Opzuucht, d’Haltung an och d’Schluechte vun Notzdéiere betrëfft. An deem Sënn ass all Transport a Schluechte vu Lëtzebuerger Notzdéieren a Länner ausserhalb der Europäescher Unioun, an deenen d’Anhale vun dëse Standarden net garantéiert ass, kritesch ze bewäerten a muss verbuede ginn.

Engagement fir d‘Déierewuel
D’Membere vun der LLJ waren immens engagéiert fir esouvill wéi méiglech Leit op d’Petitioun opmierksam ze maachen. Esou hu si net just Flyere verdeelt a Leit geziilt mat hirem Uleies ugeschwat, mee hunn och a Videomessagen op de sozialen Netzwierker erkläert, firwat et wichteg ass dës Petitioun ze ënnerschreiwen. Dës Weideren haten déi Responsabel vun der LLJ d’Vertrieder vun der Press den 30. Abrëll 2021 op eng Pressekonferenz zu Giewel invitéiert. Der Famill Thein soe mir op dëser Plaz nach eng Kéier e spezielle Merci, datt si äis hiren Haff fir d’Pressekonferenz zur Verfügung gestallt huet. RTL Tele Letzebuerg, Nordliicht an dem Wort och e grousse Merci, datt si iwwer eis Petitioun bericht hunn.


4982 Ënnerschrëften
4982 Ënnerschrëfte beweisen, datt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren mat hirer Petitioun op eng wichteg Problematik higewisen hunn. D’Petitioun wäert e Méindeg, de 5. Juli 2021 an enger ëffentlecher Sëtzung an der Chamber debattéiert ginn. Op dëser Plaz wëlle mir nach eng Kéier all de Leit Merci soen, déi eis Petitioun ënnerschriwwen hunn.