„D’fair Fleesch“

  

Zanter November 2022 ass mat „D’fair Fleesch“ – där neier Mark vun der Fairkoperativ Lëtzebuerg – eng nei Gamme Randfleesch um lëtzebuerger Marché.

D’Fairkoperativ ass en Zesummeschloss vun Déieren-halende Bauere-Betriber, deen 2011 gegrënnt gouf fir “D’fair Mëllech“-Produkter ze vermaarten, mam Haapt-Zil, e fairen, mindestens käschtendeckende Präis fir d’Mëllech bezuelt ze kréien. Vun de selwechte faire Leitbiller ugedriwwen, gliddert sech elo D’fair Fleesch an des Koperativ an.

Dem Konsument gëtt e Qualitéits-Fleesch mat enger méi héijer Plus-Value zu engem faire, käschtendeckende Präis ugebueden. An enger éischter Phas gëtt sech bei D’fair Fleesch beschränkt op d’Randfleesch – dee mat Ofstand gréisste Fleesch-Sekteur am Land.

D’fair Fleesch besteet momentan aus enge ronn 20 Betriber mat Mammekou-Haltung queesch duerch d’Land. D’Beweedung iwwert d’Summerhallefjoer grad wéi d’Opzillen vum Kallef ënnert senger Mamm sinn Mindeststandarden. Joer fir Joer loossen D’fair Fleesch-Memberen en Nohaltegkeets-Monitoring vun hirem Betrib maachen iwwer Närstoff-, Humus- an Energiebilanzen respektiv Fudderautarkie, a si bestriewt sech an dësem Beräich ze optimiséieren.

Et gi just weiblech Béischten tëscht 36 a 96 Méint geschluecht fir eng gläichbleiwend Qualitéit ze garantéieren. D’Déieren mussen zu Lëtzebuerg gebuer an opgezu ginn, zu
Ettelbréck ginn se geschluecht. Sou ass d’Hierkonft garantéiert an ze laang Transportweeër sinn ausgeschloss. Geschluecht ginn bevirzugt Kéi aus Membersbetriber, iwwersteigt d’Nofro awer emol d’Offer kënnen och Béischten aus anere Betriber an D’fair Fleesch-Schinn kommen – wann se d’Kritären heifir erfëllen.



D’Provençale verschafft de Béischt vum Schluechthaus bis an d’Barquette a liwwert d’Fleesch aus. D’fair Fleesch gëtt an diverse Supermarchéen, an der Gastronomie an a Grousskichen ugebueden.

D’fair Fleesch huet sech op de Fändel geschriwwen, fair an der ganzer Wäertschöpfungsketten ze sinn – vum Bauer bis zum Konsument:
•    Fair fir de Bauer mat engem käschtendeckende Präis.
•    Fair fir d’Déier duerch eng artgerecht a respektvoll Haltung mat Weedgang am Summer, Gruppenhaltung am Lafstall am Wanter, betribseegenem Grondfudder an Opzuucht vun de Kaalwer ënnert hirer Mamm.
•    Fair fir d’Ëmwelt duerch kuerz Weeër an der Fudderproduktioun, dem Déierentransport an der Distributioun dokumentéiert ë.a. duerch de Nohaltegkeets-Monitoring vun de Betriber.
•    Fair fir scho bestoend Handels- a Verarbechtungsstrukturen duerch Stäerkung vun der regionaler Wäertschöpfung.
•    Fair fir de Konsument, deen e gutt, héichwäertegt Stéck Fleesch kritt am Wëssen, dem Produzent e faire Präis erméiglecht ze hunn.

Fir d’Transparenz, d’Authentegkeet an d’Demut vis-à-vis vun der Oarbecht mam Déier ze garantéieren respektiv ze vermëttelen, suergen d’Memberen vun D’fair Fleesch selwer fir d’Vermaartung an d’Vermëttlung vun de Wäerter an dësem Zesummenhang.

Member vun D’fair Fleesch kann all Mammekou-Betrib ginn, dee bereed ass sech aktiv an d’Vermaartung anzebréngen an de Clienten op Foiren an an de Buttéker seng Produkter a seng Leidenschaft dofir méi no ze bréngen.

Méi Info op fairfleesch.lu, op Facebook (Fair Fleesch) oder iwwer Email (Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! ).