Jongbauerendag 2022: Landwirtschaft, Energie an Ëmwelt – Chancen a Géigesätz
D‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.“ (LLJ) huet och dëst Joer nees op hiren traditionellen „Jongbauerendag“ an de Lycée technique agricole zu Gilsdref invitéiert. Am Kader vun dëser Manifestatioun, déi um Sonndeg, den 20. November 2022 ënnert dem Motto „Landwirtschaft, Energie an Ëmwelt – Chancen a Géi-gesätz“ stoung, hu vill interesséiert Leit de Wee an de Festsall op Gilsdref fonnt.
De Luc Emering, Nationalpresident vun der LLJ, huet all Mënsch häerz-lech wëllkomm geheescht an huet dem Publik ee Réckbléck iwwert e mouvementéiert Joer ginn. Ganz besonnesch huet de Luc Emering awer den Här Äerzbëschof, S. Em. Jean-Claude Card. Hollerich, souwéi de Weibëschof Leo Wagener an déi spéider Pannelparticipantë begréisst. Den Här Äerzbëschof huet sech fir de frëndlechen Empfang bedankt an huet sengersäits drop verwisen, dass d’Membere vun der LLJ stolz op hir Leeschtungen an hiert Engagement kënne sinn an huet ugemierkt ewéi wichteg eng eegen Agrarproduktioun hei an eisem Land ass. Genausou wichteg huet hien d’Aktioun „roude Stiwwel“ geheescht a wéi ee gudden Uklang dës hei fonnt hätt.
Duerno hunn d’Marthe Bourg an de Charles Welbes, Membere vum LLJ-Aarbechtsgrupp Agrarpolitik, d’Stellungnam virgedroen, an där si op déi aktuell Mëssstänn an der Politik, wéi beispillsweis d’Artikele 6 a 7 vum Projet de loi zum neien Agrargesetz oder awer och der Ausbildung an dem „active farmer“ agaange sinn.
Et kéint een och mat sou muncher Oplo vum neien Agrargesetz lie-wen an zum Deel och dofir astoen, dass dës esou ëmgesat géife ginn. Allerdéngs géing een sech wënschen, dass Stellungnamen, déi mat alle Gewerkschaften ausgeschafft goufen, och eescht geholl ginn an dës och géife mat abezu ginn, sou heescht et aus der Stellungnam vun der LLJ. Ausserdeem ass ee waarmen Appell un de Landwirtschaftsminister Claude Haagen ervirgaangen, hien soll seng Verantwortung iwwerhuelen an op en Neits ass gefuerdert ginn d’Gewerkschafte mat de Leit vum Terrain méi staark mat anzebannen an hir Iddien a Meenungen ze beuechten.
An der uschléissender Panneldiskussioun, mam Marthe Bourg a Luc Emering, Nationalpresidente vun der LLJ, souwéi dem Pierre Treinen, Direkter vum Service d’économie rurale, dem Mike Wagener, Premier Conseiller de gouvernement - Ëmweltministère an dem Georges Reding, Chargé de la direction des énergies renouvelables - Ministère fir Energie an Landesplanung, goufen dës Mëssstänn opgegraff a vun de jeeweilegen Experte fachgerecht erkläert souwéi vill weider wichteg Informatioune matgedeelt.
De Landwirtschaftsminister Claude Haagen huet duerno d’Wuert iwwerholl an huet der Lëtzebuerger Landjugend an de Jongbaueren säi Merci ausgedréckt fir hiert onermiddlecht Engagement. Sou gouf och de konstruktiven Dialog an d’Kritik vu sämtleche Gewerkschaften, bezüglech der Stellungnam zum neien Agrargesetz, vum Mi-nister Haagen gelueft. Uschléissend huet hien awer och nach Stellung zu e puer Virwërf geholl a weider Erklärungen hisiichtlech de Problematike ginn. Zum Schluss huet de Luc Emering allen Uwiesende fir de konstruktiven Dialog Merci gesot an huet souwuel d’Participantë wéi och de Publik op en Éierewäin invitéiert.