LLJ: Christmas-Tour 2022

  

No zwee erfollegräichen Tier 2020 an 2021, huet d’Editioun vun 2022 net manner gestraalt.

Scho fréi ass et op de soziale Medie mat der Nofro lassgaangen, ob mir dann och dëst Joer nees op Stiefes-
dag eise schéine Christmas-Tour maache géifen. A wéi sollt et anescht sinn, hu mir natierlech och 2022 nees siwe regional Tier organiséiert.

Am November hunn déi siwe regional Landjugendgruppen ugefaangen hir Tier nei ze plangen, sou hat d’Landjugend Maacher zum Beispill esouguer d’Méiglechkeet zwee Tier mat hirem Grupp kënnen ze fueren.
 
No der Publikatioun op Facebook, sinn Honnerte vu Verlinkunge gemaach ginn an iwwerall konnt ee liesen, wéi d’Leit sech freeën a reegelrecht Rendezvousen op verschiddene Plazen ausgemaach hunn, fir sech den Tour zesummen unzekucken. Et sinn alt kleng Zelter laanscht d’Strooss opgeriicht ginn, wou d’Leit zesummen drënner stoungen a gemittlech deen een oder anere Glüwäin gedronk hunn an där Zäit wou se op den Tour gewaart hunn.

Och bei den Institutiounen, wou eis siwen Tier laanschtgefuer sinn, war d’Resonanz an d’Freed esou grouss, dass souguer eis Chaufferen op der enger oder anerer Plaz ee Schocki oder selwer gebake Kichelcher offréiert kritt hunn. Hinnen dofir e ganz grousse Merci!

An den Deeg viru Stiefesdag sinn nees vill Stonnen dropgaangen fir den Trakter mat e sëllege Liichterketten, Stären, Kleesercher, Schnéimännercher oder och Chrëschtbeemercher ze rëschten.

Nodeems et däischter ginn ass, konnt dann endlech gestart ginn. Géint 17.00 Auer war all Landjugendgrupp ënnerwee an huet sech op de Wee uechter d’Land gemaach. Sou ass d’Landjugend Cliärref zu Ëlwen gestart, d’Landjugend Maacher souwuel zu Banzelt wéi och zu Mompech, d’Landjugend Dikkrich an d’Landjugend Furen hunn sech nees zesumme vun Duerscht aus op de Wee gemaach.

Als éischte Grupp ass d’Landjugend Süden vu Mamer aus gestart, d’Landjugend Zenter ass, wéi och schonn am leschte Joer aus dem Mariendall fortgefuer an d’Landjugend Uewersauer hat sech och nees Rendezvous um Schumann ginn, fir vun do aus zesumme lass ze fueren.

Alles an allem war et nees ee gelongene Christmas-Tour. Mir kënnen Iech elo scho verroden, et gëtt eng Editioun 2023. Freet Iech also elo scho mol op de nächste Christmas-Tour, wéi gewinnt de 26. Dezember!